Maarnech: Onbekannter hunn en opfällegen Fiat Abarth geklaut
RTL - 02.03.2011, 17:20 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.03.2011, 17:51
Zu Maarnech hunn Onbekannter en hellbloe Fiat Abarth 500 mat orange Sträifen an dem Gulf Logo drop geklaut. Den Auto huet keng Nummereschëlder montéiert.
© Police
Den eenzegaarteg lackéierten a net ugemellten Fiat Abarath 500 war den éischte Präis aus enger Tombola a war dowéinst extra bei enger Tankstatioun bei der N18 ausgestallt.
Méiglech Informatiounen sinn fir de Noutruff um 113.